Panorama
Panorama
12 min
An der EU gi lues a lues d'Grenzen nees op, tëschent Lëtzebuerg an Däitschland ginn et vun haut u keng Grenzkontrolle méi, Italie mécht seng Grenze fir Touristen aus der EU den 3. Juni nees op
A Spuenie soll den Etat d'urgence nom 24. Mee nach eng Kéier verlängert ginn, ëm ongeféier ee Mount, esou de spuenesche Premier Pedro Sanchez
Bei Paräis gouf ee vun de presuméierten Haaptresponsabele fir de Genozid a Ruanda am Joer 1994 verhaft, de Félicien Kabuga soll de Genozid viru 26 Joer finanzéiert hunn
An der däitscher Bundesliga gouf no zwee Méint Paus haut nees Fussball gespillt