Panorama
Panorama
14 min
Zanter gëschter Owend sinn hei am Land zwee weider Patienten un de Suitte vu Covid-19 gestuerwen. Eelef Persoune goufe positiv op de Coronavirus getest.
Op d'mannst zwee nei Gesetzer sollen nom Enn vum Etat de crise d'Moossnamen am Kampf géint Covid-19 reegelen, war et d'Informatioun no enger weiderer Entrevue tëschent dem Chamberbüro, der Presidentekonferenz a Regierungsvertrieder.
Bei der Police bleift de Rekrutement vun neiem Personal schwiereg: Eventuell soll dofir d'Karriär opgewäert ginn, huet den zoustännege Minister François Bausch haut an der Chamber annoncéiert
De Parquet confirméiert: Et gouf e Leak vun internen Dokumenter bei der Justiz, et war awer keen Hacker-Ugrëff
No weidere Reprochë vum US-President Donald Trump géintiwwer der Weltgesondheetsorganisatioun, soll elo eng onofhängeg Enquête gemaach ginn, iwwer d'Äntwert vun der WHO op d'Corona-Pandemie
Hackerugrëff op kritesch Bëllegfluchgesellschaft EasyJet