Klassik aktuell
Blosmusek an Zäite vum Corona
11 min
Eng zentral Fro, déi d'Musekswelt an der aktueller Corona-Kris beschäftegt, ass: Wéi geet et weider? Wéini kënnen nees Concerten organiséiert ginn, a virun allem wéi? Dobäi ass d'Situatioun net fir all Instrument déi selwecht: Wärend d'Geiisten hiert Instrument mat engem Bou zum Klénge bréngen, geléngt dat deenen, déi e Blosinstrument spille mam Otem. Ass d'Gefor sech mam neiaartege Coronavirus unzestiechen dofir bei Blosinstrumenter méi grouss, wéi bei aneren? Musse fir Bléiser besonnesch Sécherheetsmesuren ausgeschafft ginn?
Fir déi Froen ze klären, huet de Luc Boentges mat der Prof. Dr. Claudia Spahn, der Directrice vum Freiburger Institut für Musikermedizin, telefonéiert.