arrow_back_ios
CD-Klassik
De Komponist Emile Jaques-Dalcroze
De Schwäizer Emile Jaques Dalcroze huet sech virun allem weltwäit en Numm gemaach als Pedagog. Seng Methode ginn deels nach haut a verschidde Museksschoulen, respektiv Conservatoiren applizéiert. Seng Kompositioune par contre gi mëttlerweil net méi vill gespillt. "La Veillée" ass e groussen Oratorium vum jonke Jaques Dalcroze, deen allerdéngs nach ni op Disk opgeholl gouf. De Schwäizer Label Claves huet "La Veillée" elo op engem duebelen Disk erausginn, allerdéngs net dee ganzen Oratorium. Den CD-Tipp vum Manuel Ribeiro