Panorama
Panorama
Zanter gëschter goufen zwou weider Persounen hei am Land positiv op den neie Coronavirus getest. Et bleift bei 110 Stierffäll
D'Horesca bedauert, datt an de Caféen a Restauranten nëmme véier Leit un engem Dësch dierfe sëtzen. D'Federatioun begréisst awer d'Reouverture vum Secteur, och wann déi Annonce gëschter ganz kuerzfristeg komm wär
Vun e Freideg un dierfen och nees Gottesdéngschter hei am Land ofgehale ginn. Wéi sech d'Reliounsgemeinschaften dorop preparéieren, hu mir bei verschidde Kulten nogefrot
D'Kinoen dierften och dëse Weekend nees opmaachen, mee waarden awer nach bis de 17. Juni
60 Prozent vun de Bierger an der EU hu wéinst der Corona-Kris mat finanziellen Aboussen ze kämpfen, dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi d'Europaparlament haut publizéiert huet
An Ungarn soll den ëmstriddenen Etat d'urgence den 20. Juni nees opgehuewe ginn.
D'Weltwiederorganisatioun huet de Muere gewarnt, datt de Summer 2020 an der nërdlecher Hemisphär alleguerten d'Rekorder kéint briechen