Panorama
Panorama
Et ginn elo iwwer 4.000 confirméiert Fäll vu Covid-19 zu Lëtzebuerg.
D'Santé réit dovun of, Hydroxychloroquine beim Traitement vu Coronapatienten anzesetzen.
D'EU-Kommissioun proposéiert ee Konjunkturpak vu 750 Milliarden Euro. Lëtzebuerg kéint mat Subside vun 175 Milliounen Euro rechnen, seet de Nicolas Schmit
De Staat ënnerstëtzt d'Acteuren aus dem Kultursecteur wärend dem Deconfinement mat am Ganze 5 Milliounen Euro, war et de Mueren d'Annonce vun der Kulturministesch Sam Tanson.
De Logementsminister Henri Kox huet de Point gemaach iwwert d'Situatioun um Wunnengsmaart a Coronzäiten.
"Safe to Serve", esou heescht eng nei Campagne vun der HORESCA, iwwert déi een d'Vertraue vun de Clienten nees wëllt zeréck gewannen.
D'Wanteraktioun fir Sans-Abrien gëtt nach bis den 30. Juni verlängert.