CD-Klassik
Brillant
Dem Georg Friedrich Händel säin "Messiah" hat net direkt vun Ufank un dee Succès, deen en haut huet. Besonnesch zu London hat e Schwieregkeeten, sech duerchzesetzen, well et net gutt gesi war, datt biblesch Texter als Inhalt fir profan Concerte gebraucht goufen. Antëscht ass et esouguer eng Traditioun, datt Joer fir Joer um 13. Abrëll, dem Dag vun der Première 1742 zu Dublin, Extraiten aus dem Oratorium gespillt ginn. Et ass och d'Fassung vun der Uropféierung zu Dublin, déi den Hans-Christoph Rademann a senger neier Opnam vum "Messiah" dirigéiert.