Panorama
Panorama
Zanter gëschter goufe 4 Persounen hei am Land positiv op den neie Coronavirus getest. D'Zuel vu Stierffäll bleift onverännert bei 110.
D'Belsch an Éisträich maachen hir Grenzen nees op. D'Belsch den iwwernächste Méindeg an Éisträich scho muer, war et haut d'Annonce aus béide Länner.
Wéinst der Coronakris kritt de Projet vun engem europäesche Mindestloun Retard. Am September soll eng konkret Propose um Dësch leien, sot haut den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit
Iwwert d'Zukunft vun der SES solle muer d'Direktioun an d'Personalvertrieder eng éischte Kéier diskutéieren. Bis ewell ass nach net gewosst, wéivill Aarbechtsplazen hei am Land sollen ofgebaut ginn.
D'Recolte op de Lëtzebuerger Felder ass wéinst der Dréchent a Gefor. De President vun der Landwirtschaftskummer, Guy Feyder, fuerdert d'Schafe vu Waasserreserven, fir d'Bewässerung ze garantéieren.