CD-Klassik
Déi kontroverséiert Komponistin Signe Lund
Et gi vill Komponistinnen, déi eng wichteg Roll an der klassescher Musek gespillt hunn. D'Signe Lund war esou eng Komponistin, déi net just herrlech Musek geschriwwen huet, mee sech och vill engagéiert huet fir d'Rechter vun de Komponisten an hirem Land. Allerdéngs hunn hir politesch Iddie fir vill Kontroverse gesuergt. De Pianist Rune Alver huet beim Label Lawo deen éischte Volume mat der Signe Lund hirer Pianosmusek erausbruecht. De Manuel Ribeiro huet eragelauschtert.