arrow_back_ios
CD-Klassik
En Orchester a Beschtform
Dem César Franck seng Symphonie a ré mineur huet eng besonnesch Plaz am franséische Repertoire. Si steet mat um Ufank vun der Entwécklung vun der Symphonie am groussen Opereland Frankräich a schléit duerch dem Franck seng Bewonnerung fir d'Musek vu Beethoven, Liszt a Wagner och eng Bréck an déi däitsch Traditioun. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a säi Chefdirigent Gustavo Gimeno hunn elo dem Franck seng Symphonie, gekoppelt mat de Variations symphoniques fir Piano an Orchester, fir Pentatone opgeholl.