Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Träumerei Nr.7, Op. 15 "aus den Kinderszenen" - Maxim Bernard (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik aktuell

opus / Klassik aktuell

/ E Chouer fir jiddwereen

E Chouer fir jiddwereen

Mat engem Stëmmungslidd iwwer d'Gesellegkeet an d'Drénke wollt den Dirigent Marc Dostert de Participante vum Online-Chouer an den Zäite vum Corona eng Freed maachen. Bei dëser zweeter Editioun hu ronn 50 Sängerinnen a Sänger matgemaach, déi sech eenzel bei sech doheem gefilmt an hire Clip erageschéckt hunn. Um Programm steet "Tourdion", e Lidd aus dem 16. Joerhonnert, dat dem Pierre Attaignant zougeschriwwe gëtt.




Drëtt Editioun mam Jeff Mack


Gläichzäiteg mat der Publikatioun vum Video vun der zweeter Editioun, lancéieren den 100,7 an den INECC den Opruff un all Interesséierte fir déi drëtt Editioun. Den Trompettist a Sänger Jeff Mack dirigéiert dës nei Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer. Als Stéck proposéiert hien en eegent Arrangement vum bekannte Lidd "Down by the Salley Gardens". U sech wier et schonn e ganz aalt Lidd dat e bëssen aus der englesch-irescher Mythologie géif kommen, seet de Jeff Mack. Iwwer en anere Sänger wier hien dorop opmierksam ginn:



"Ech sinn iwwer den Andreas Scholl op dëst Lidd gestouss. Den Andreas Scholl huet dat als éischte Countertenor op der Night of the Proms gesongen. An dat huet mech esou faszinéiert, datt mech dat Lidd elo schonn iwwer déi lescht zéng Joer begleet."



Wéi matmaachen?


De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Jeff Mack dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Down by the Salley Gardens". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

Episoden

Mozart a Reger am Dialog

D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.
headphones

4 min

play_arrow

Le Coup de Majesté

De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.
headphones

5 min

play_arrow

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.
headphones

5 min

play_arrow

David Daubenfeld

E jonke Lëtzebuerger Dirigent debutéiert an der nächster Saison mat de Lëtzebuerger Philharmoniker am grousse Sall vun der Philharmonie.
headphones

4 min

play_arrow

"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

De Lëtzebuerger Ensembel Ars Nova Lux feiert säin 10. Gebuertsdag mat engem Concert an der Philharmonie. Um Programm: vill Lëtzebuerger an och international Musek
headphones

3 min

play_arrow

What a Wonderful World

Ënner deem Titel spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 30. Abrëll e Concert ënner der Baguette vum Gast Waltzing
headphones

5 min

play_arrow

Mam Fokus op déi klassesch Gittar

Fir déi mëttlerweil véiert Editioun gëtt vum 10. bis den 19. Mee de Gittarefestival zu Lëtzebuerg ofgehalen.
headphones

4 min

play_arrow

Musique Plus

Een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
headphones

3 min

play_arrow

"Il est très important de s'imprégner de cette musique"

Amerikanesch Musek aus dem 20. Joerhonnert am Escher Conservatoire. Gershwin, Bernstein a Menotti op 2 Pianoen a Perkussioun, deels och mat Gesank.
headphones

3 min

play_arrow

E ganz familiäre Concert

Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
headphones

3 min

play_arrow

Esch am Saxo-Sound

Deen éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?
headphones

3 min

play_arrow

"Si liewen an der Zukunft"

De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.
headphones

4 min

play_arrow

D'Coup de coeure vun der Militärmusek

Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff fir en neien Album opzehuelen.
headphones

3 min

play_arrow

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

Een Abléck an d'Iddie vum Internationale Klarinette-Concours

De Max Mausen ass dëst Joer den Directeur artistique vum internationale Klarinette-Concours 2025 zu Maarnech. Hëllef kritt hien ënner anerem vun der Jurypresidentin Laura Ruiz Ferreres.
headphones

4 min

play_arrow

Den Cello am 21. Joerhonnert

Dee belsch-amerikaneschen Cellist Pierre Fontenelle spillt eng Stonn Musek fir Solo Cello vu 6 verschiddene Komponisten an der Kierch vu Biekerech.
headphones

3 min

play_arrow

Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan-Tournée

D’Pueri Cantores aus dem Stater Conservatoire gi vum 8. bis 17. Abrëll op Tournée a Japan. Véier Statioune stinn um Plang: Hiroshima, Osaka, Kyoto an Tokio.
headphones

5 min

play_arrow

Oliver Triendl a Christoph Ehrenfellner: zwee Gewënner vun den ICMA 2025

Den däitsche Pianist Oliver Triendl huet scho méi wéi 150 Albumen erausbruecht a krut dëst Joer de Special Achievement Award bei den International Classical Music Awards.
headphones

5 min

play_arrow

Catherine Kontz

Si ass net nëmme Komponistin, mee och Pianistin, Dirigentin an ënnerriicht um Royal College of Music zu London. Am neien Episod vum opus-Podcast Hanner den Téin verréit si vill iwwer fir Passioun fir Kannerconcerten.
headphones

4 min

play_arrow

D'Schätz vum Pianotrio

De Moritz Reutlinger ass Cellosproff am Conservatoire du Nord. Zesumme mat zwou weideren Enseignanten, organiséiert hien am Kader vun der Serie "Spot on Keyboards" ee Concert mat Pianotrioen.
headphones

4 min

play_arrow