CD-Klassik
Musek vum Beethoven fir d'Bün
De Ludwig van Beethoven huet mam "Fidelio" just eng Oper komponéiert, awer wesentlech vill méi fir d'Bün geschriwwen. Schauspillmuseke waren zu där Zäit an der Moud - literaresch Texter, déi mat Instrumentalmusek, Gesangssolisten an och Chouerzeene fir d'Bün ageriicht goufen. De Beethoven huet eng Partie där Museke geschriwwen, vun deenen haut meeschtens nëmmen d'Ouverture gespillt gëtt. De Marcus Bosch a seng Cappella Aquileia proposéieren elo déi integral Bünemusek vun "Die Ruinen von Athen".