CD-Klassik
Die Seejungfrau vum Zemlinsky
14 min
Den Alexander von Zemlinsky war en Zäitgenossen vum Richard Strauss a vum Gustav Mahler. Haut steet hien am Schiet vu béide Komponisten an dat zu Onrecht. Seng symphonesch Dichtung "Die Seejungfrau" zum Beispill ass e grousst Wierk an dräi Sätz, dat der Symphonie allerdéngs méi no steet. Pentatone huet "Die Seejungfrau" mam Nidderlännesche Philharmoneschen Orchester ënner der Direktioun vum Marc Albrecht op Disk verëffentlecht. De Manuel Ribeiro huet eragelauschtert.