Klassik aktuell
"Alle diese Dinge, die sich da ereignen, können sich immer ereignen"
Shakespeare-Dramë sinn nach ëmmer Inspiratiounsquelle fir Komponiste gewiescht. "Lear" verzielt vun engem Kinnek, den ze spéit mierkt, datt hie vun zwou vu sengem Duechteren an hire Männer bedru gouf. Dem Lear seng drëtt, seng léifsten Duechter gëtt d'Affer vun Intrigen, déi als Konsequenz den dramateschen Doud vum Kinnek hunn. D'Oper "Lear" op Musek vum Aribert Reimann, eent vun deenen erfollegräichste Wierker aus der Avantgarde, gouf den 9. Juli 1978 uropgefouert. Manuel Ribeiro