arrow_back_ios
CD-Klassik
Véier mol en anere Bach
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Fënnef verschidde Wierker stinn um Programm vun de Berliner Barock Solisten hirer aktueller Opnam. Vertruede si Kompositioune vu véier verschiddene Persounen, déi sech alleguerten een Numm deelen: Bach. Ënner der Direktioun vum Reinhard Goebel an zesumme mam Bariton Benjamin Appl proposéiert den Ensembel Sinfonien a Kantate vum Carl Philipp Emanuel, Johann Christoph Friedrich, Wilhelm Friedemann a Johann Sebastian Bach.
Musek