Panorama
Panorama
D'Belsch huet Lëtzebuerg als "zone orange" klasséiert well d'Coronavirus Infektiounen hei nees zougeholl hunn, d'Grenze géifen awer op bleiwen an et géif kéng nei Restriktiounen, seet de Jean Asselborn
Fir t'éischte Kéier zënter siwe Woche gouf gëscht zu Lëtzebuerg nees e Stierffall gemellt wéinst dem Covid-19, weider goufen 83 nei Infektiounen am leschte Bilan vun der Santé gemellt
Fir 5G-Frequenzen zu Lëtzebuerg fänkt dës Woch d'Stee un, déi vum Institut luxembourgeois de régulation organiséiert gëtt
Am zweeten Tour vun der Presidentewahl a Polen läit den aktuelle konservative President Andrzej Duda éischte Prognosë no mat 51 Prozent vun de Stëmme liicht viru sengem liberale Rival Rafal Trzaskowski, deen op 49 Prozent kënnt
De Lëtzebuerger Ralph Diseviscourt huet um Vëlo e neie 24-Stonnen-Weltrekord realiséiert, zu Veianen ass hien méi wéi 915 Kilometer wäit a 24 Stonne gefuer