arrow_back_ios
CD-Klassik
Litauesch Spéitromantik
Den Dichter, Moler a Komponist Mikalojus Konstantinas Čiurlionis gëtt als de Begrënner vun der litauescher klassescher Musek consideréiert. Hien huet virun allem fir de Piano geschriwwen, iwwerdeems vu sengem symphonesche Wierk de Gros nëmmen als Fragment iwwerliwwert ass. Eng Ouverture an zwou Toundichtunge gëtt et elo an engem neien Enregistrement mam litaueschen Nationalorchester.