Klassik aktuell
Ingenieur a Komponist
"Er ist der Begabtere, ich bin der Populärere.", sot de Johann Strauss iwwer säi Brudder Josef Strauss. Dee gouf am Fong géint säi Wëlle Komponist an Dirigent. De Josef Strauss war Ingenieur, huet Maschinnen entwéckelt an technesch Publikatiounen erausbruecht. Haut ass hien awer de Fuerschungstheema vun engem musikologesche Projet op der Universitéit Krems - dat ronderëm den 150. Doudesdag vum Komponist. De Josef Strauss ass den 22. Juli 1870 zu Wien gestuerwen.