arrow_back_ios
CD-Klassik
D'Sklaverei als Theema
"Sanctuary Road" ass déi zweet Kompositioun vum Paul Moravec, déi sech mat der amerikanescher Geschicht beschäftegt. A sengem Oratorium gräift de Gewënner vum Pulitzer-Präis den Theema Sklaverei op - een Theema, deen a sengen historeschen Nowierkungen am Ablack jo ganz aktuell ass. Elo gëtt et e Live-Matschnëtt vun der Première am Mee 2018 an der Carnegie Hall zu New York.