Panorama
Panorama
Déi nei Coronavirus-Infektiounen zu Lëtzebuerg géifen elo manner séier klammen, d'Zuele géifen sech op héijem Niveau stabiliséieren, dat sot den Ulf Nerhrbass, Direkter LIH a Spriecher v Covid-19-Taskforce der däitscher Noriichtenagence dpa
An der belscher Provënz Antwerpen gouf wéinst der Hausse vu neien Infektiounen nees eng Ausgangsspär decidéiert, den Teletravail gëtt nees obligatoresch an d'Caféë mussen um 11 zoumaachen
An Däitschland muss jiddereen, deen aus engem Risikogebidd zréck kënnt, sech an Zukunft teste loossen
D'Foraine begréissen déi kleng Kiermessen an de Quartiere vun der Haaptstad, et wier awer keen Ersatz fir d'Fouer, déi wéinst der Pandemie ofgesot gouf
Bei der Police soll de Personalmangel geléist ginn duerch méi oppe nei Recrutements-Prozeduren an eng méi Praxis-orientéiert Formatioun