CD-Klassik
D'Fréijoer vum Claude Lejeune
Reng an delikat ass déi polyphonesch Vokalmusek aus der Renaissance, zemools wa se vum Claude Lejeune kënnt. Ënner dem Titel "Le Printemps" gouf e Recueil vun 39 Vokalwierker vum Claude Lejeune zesummegesat, deen dank dem Komponist senger Schwëster Cécile dee schwieregen geschichtlechen Kontext vun de Reliounskricher iwwerlieft huet. Déi herrlech a poetesch Musek aus dëser Sammlung koum elo op Disk eraus. Eng raffinéiert an exakt Interpretatioun, mengt de Manuel Ribeiro am CD-Tipp.