Panorama
Panorama
Déi éischt Phas vun de grouss ugeluechte Corona-Tester ass eriwwer. Siwe vu den am Ganze 16 Test-Statioune ginn elo mol zougemaach, am August gëtt awer weider getest, déi zweet Phas vun den Tester am grousse Stil soll am September ufänken
Bei den Tester an der Iwwergangszäit, am August, géife besonnesch privat Stéit viséiert ginn, an dorënner besonnesch de Süde vum Land, esou den Ulf Nehrbass, Spriecher vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force de Moien op eiser Antenn
Lëtzebuerg an d'Saarland wëllen ee gemeinsame Pandemie-Plang ausschaffen. Am Noutfall soll Personal a medezinescht Material kënnen ausgetosch ginn, esou d'Regierung no engem Treffe gëschter tëschent der Gesondheetsministerin Paulette Lenert an hirer Homologin aus dem Saarland, Monika Bachmann
Robert Koch Institut rifft d'Populatioun an Däitschland op, d'Corona-Reegele besser ze respektéieren, fir eng onkontrolléiert nei Ausbreedung vum Coronavirus ze verhënneren
Italie wëllt den Noutstand, dee scho sechs Méint laang dauert, bis de 15. Oktober verlängeren
ADR wéilt déi nächst Joren eng offensiv Oppositiounsaarbecht maachen, sot de Fernand Kartheiser, hien ass neie President vum Groupe parlementaire vun der ADR
De Projet vum Landwirtschaftsministère fir regional a lokal Produite mat engem Label ze kennzeechnen, wier eng "Mogelpackung", esou d'Kritik vum Mouvement écologique