CD-Klassik
Dem Hervé Joulain säi Cor
Net dacks huet de Cor d'Haaptroll op enger Concertsbün. Och Disken, wou de Cor am Mëttelpunkt steet, sinn éischter seelen. De fréiere Solo-Cornist vum Orchestre Philharmonique de Radio France, den Hervé Joulain, ass haut weltwäit ee vun deene grousse Meeschter um Instrument.
Op sengem Disk "Melodies" huet de Cornist zesumme mat der Pianistin Ariane Jacob eng ganz Partie kuerz Stécker opgeholl, déi de waarmen Timber vum Instrument besonnesch ervirsträichen. De Manuel Ribeiro mam CD-Tipp