CD-Klassik
The Orchestra of the Americas
De Manuel de Falla war en Zäitgenosse vum Debussy a Ravel. Zeréck vu Paräis a Spuenien huet hien déi spuenesch klassesch Musek mat sengen impressionistesche Visiounen gepräägt. D'Balletsmusek "El sombrero de tres picos" oder d'Suite fir Orchester a Piano "Noches en los jardines de España" si Beispiller, wéi hien a senger Musek Volleksmusek an Danz verschafft huet. Den Orchestra of the Americas huet elo en Disk erausgi mat ënner anerem dësen Haaptwierker vum Manuel de Falla. De Manuel Ribeiro huet eragelauschtert.