Panorama
Panorama
Gutt 20 Prozent vun den negative Coronatester géifen e falscht Resultat uweisen, eng Rei aktiv Infektioune kéinten doduerch verpasst ginn, präziséiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
Duerch déi nei 5G-Antennen déi hei am Land installéiert ginn, géifen d'Strahlungswäerter déi d'Persounen ofkréien net an d'Luucht goen, betount de Generaldirekter vun der Post, Claude Strasser.
Fir d'Jongbaueren a Jongwënzer gouf beim geplangte Gesetzprojet iwwert d'Labeliséierung vu regionale Produiten d'Lat net héich genuch gesat.
ADR kritiséiert Pacte Logement 2.0 a Reform vum Mietgesetz, Problem vun héije Wunnengspräisser kréich een domat net an de Grëff.
De Robert Koch Institut huet fir Däitschland déi éischte Kéier zanter Wochen nees iwwer 1.000 nei Coronainfektioune bannent engem Dag verzeechent.
A Polen gouf de Mueren de President Andrzej Duda fir seng zweet Amtszäit vereedegt.