arrow_back_ios
CD-Klassik
Den originalen "American in Paris"
Den National Orchestral Institute Philharmonic ënner der Direktioun vum James Judd huet en Disk erausbruecht mat US-amerikaneschem Repertoire. Nieft méi onbekannte Wierker vun Aaron Copland a Leonard Bernstein ass den Original "American in Paris" vum Gershwin drop festgehalen, mee an enger ganz neier a frëscher Interpretatioun. Dem Remy Franck säin CD-Tipp.