Panorama
Panorama
Déi demokratesch Senateurin aus Kalifornien, Kamala Harris, gouf vum Joe Biden als Vize-Kandidatin fir d'Presidentschaftswalen nominéiert. Dat ass historesch well nach ni virdrun eng schwaarz Fra fir déi Roll nominéiert gouf
D'Situatioun mam Coronavirus zu Lëtzebuerg wär nach ugespaant, mee si wier am gaange sech ze stabiliséieren, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'CSV bedauert, datt d'Regierung keng Test-Méiglechkeete géif virgesinn, fir Leit, déi mam Auto zréck aus der Vakanz kommen
Si hätt sech vläicht e bëssen iwwerspëtzt iwwer de Claude Turmes ausgedréckt an engem rezenten Zeitungsinterview, sot de Moien déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché op eiser Antenn
De Pëtrolsteppech virun der Küst vu Mauritius huet sech weider ausgebreet. 1.200 Tonne Pëtrol a Sprit si bis elo aus dem accidentéierte Schëff an d'Mier an op d'Plage gelaf
Protester a Wäissrussland no de Presidentewale spëtzen sech weider zou. EU stellt eventuell Sanktiounen an Aussiicht, EU Ausseboptragten schwätzt vun inakzeptabeler Gewalt vun den Autoritéite géint Demonstranten