Panorama
Panorama
An der Gemeng Hesper wären eventuell scho méi laang Sue verontreit ginn, wéi ugeholl gouf, esou d'Tageblatt. D'Zeitung berifft sech op d'Enquêtë-Rapporte mat Aussoe vun den zwee Beamten, déi entlooss goufe wéinst dem Verdacht, datt si Sue vun der Gemeng ënnerschloen hätten
Um Findel ass et roueg trotz Vakanzeperiod
De belarusesche President Alexander Lukaschenko seet, hie géif net drun denken, fir zeréckzetrieden. Seng Kritiker soen, si géife weider protestéiere bis d'Land fräi ass
An der somalescher Haaptstad Mogadischu sinn op d'mannst 17 Leit bei enger Attack op en Hotel ëm d'Liewe komm
Wéinst dem Sträit iwwer d'Bréifwalen an den USA rifft d'Spriecherin vum amerikanesche Representantenhaus, Nancy Pelosi, d'Deputéiert fréizäiteg aus hirer Summerpaus zeréck
FC Sevilla steet an der Finall vun der Fussball-Europa-League no enger 2-1 Victoire géint Manchester United