Panorama
Panorama
Zu Minsk huet déi belarusesch Oppositioun fir de Mëtteg e grousse "Marsch fir d'Fräiheet" annoncéiert, de President Lukaschenko hätt Medieberichter no Géigendemonstratiounen organiséiert
An Thailand hu Studenten- a Jugendbeweegunge weider Protester zu Bangkok annoncéiert, si fuerderen, datt d'Regierung zerécktrëtt an d'Monarchie an d'Verfassung reforméiert ginn
Virun der Küst vu Mauritius ass dat accidentéiert japanescht Transportschëff an zwee Stécker gebrach. Et ass onkloer, wéi vill Pëtrol nach am Schëff war
An Däitschland gouf et Panne bei de Corona-Test-Zenteren, dorënner a Bayern, wou nach ëmmer op Resultater gewaart gëtt bei Leit, déi sech nom Retour aus der Vakanz teste gelooss hunn
Bei der Fussball-Champions-League huet Lyon sech als zweet franséisch Ekipp fir d'Hallef-Finalle qualifizéiert
Beim Critérium du Dauphiné am Cyclissem huet de Leader Primoz Roglic sech wéinst Blessuren aus der Course zeréckgezunn, kuerz virum Depart vun der leschter Etapp