Panorama
Panorama
D'EU huet nei Sanktioune géint Belarus op de Wee bruecht. Viséiert wäre Persounen, déi fir d'Gewalt géint Demonstranten an d'Manipulatioun vun de Presidentewale responsabel wären, huet et no enger Videokonferenz vun den EU Ausseministere geheescht
Déi amerikanesch Post warnt: Millioune vu Bréifwal-Stëmme fir d'Presidentewalen am November géife riskéieren net zur Zäit kënne geliwwert ze ginn
Zu Paräis gouf d'Maske-Flicht nach eng Kéier erweidert. Op ville Stroossen am Zentrum ass de Mask och dobaussen elo obligatoresch. Rassemblementer a Manifestatioune vu méi wéi zéng Leit sinn elo verbueden, wann d'Geste barrières net kënne garantéiert ginn
Den UNO Sécherheetsrot huet eng Resolutioun vun den USA ofgeleent an där gefuerdert gëtt, datt de Waffenembargo géint den Iran onbegrenzt verlängert gëtt
An Däitschland huet d'SPD dës Woch mam Olaf Scholz als éischt Partei hire Kanzlerkandidat presentéiert, domat wär de Walkampf lancéiert, esou eisen Däitschland Korrespondent
An der Fussball Champions League huet Bayern München den FC Bareclona 8-2 iwwerrannt a sech fir d'Halleffinall qualifizéiert