Panorama
Panorama
51 Persounen hei am Land goufe gëschter positiv op den neie Coronavirus getest. Dat bei 5.922 Tester. D'Santé huet haut nëmmen d'Zuelen zu de Residente publizéiert.
D'Covid19-Pandemie ass besonnesch fir Drogenofhängeger eng grouss Gefor. Den Abrigado an d'Organisatioun Médecins du Monde hunn dofir zesummen e Pilotprojet lancéiert, fir de medezinesche Suivi vun dëse Leit z'assuréieren.
A Frankräich gëllt fir d'Rentrée op den Héichschoulen an Unien eng Maskeflicht.
An Däitschland musse Persounen déi refuséieren e Mondschutz ze droen, an Zukunft eng Geldstrof bezuelen.
D'Tierkei verlängert hir Recherche no Äerdgas am orientalesche Mëttelmier bis den 1. September.
De russesche Parquet huet aus Däitschland d'Donnéeën iwwert de Gesondheetszoustand vum Alexej Nawalny ugefuerdert.
A Mali gouf de fréiere President Ibrahim Boubacar Keita nom Militärputsch virun enger Woch nees fräigelooss.