Panorama
Panorama
Dat modifizéiert Covid-19 Gesetz soll nach bis d'Enn vum Joer a Kraaft bleiwen.
Souvill Leit wéi méiglech sollen sech dëst Joer géint d'Gripp impfe loossen, fir eng Hausse vun den Hospitalisatiounen, zousätzlech zu Corona-Patienten, z'evitéieren, ass et d'Opfuerderung vum Gesondheetsministère.
Fir d'Rentrée sollen d'Capacitéiten am ëffentlechen Transport net eropgesat ginn, präziséiert de Mobilitéitsministère.
Den Tram soll wéi geplangt am Dezember vun der Stäreplaz bis op d'Gare fueren.
D'EU-Ausseministere sinn sech de Mueren eens ginn iwwer Strofmesurë géint eng Rëtsch Leit aus dem Entourage vum belarusesche President Alexander Lukaschenko, wéinst Wahlmanipulatioun an der gewaltsamer Repressioun vun de Protester am Land.
No Paräis gëtt elo och eng Maskeflicht fir ganz Stroossbuerg agefouert.