CD-Klassik
Babij Yar
Di 13. Symphonie vum Shostakovich weist keng Spuer vun Triumphalismus op. Et ass e musikalescht Undenken un d'Affer vun engem Massemuerd bei Kiew wärend dem Zweete Weltkrich. De Nationale Russeschen Orchester ënner der Direktioun vum Kirill Karabits huet beim Label Pentatone eng brillant an och däischter Interpretatioun vun dëser kolossaler Symphonie erausginn. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.