Panorama
Panorama
Bei de Summer-Nohëllefcoursen hätt am Fondamental net dat kënnen nogeholl ginn, wat am Confinement verpasst gouf, sot eis en zoustännegen Enseignant
A Frankräich goufen nach siwen Departementer als "zone rouge" klasséiert, och zu Stroossbuerg gëllt elo iwwerall eng Maskeflicht
Indien ass no den USA elo dat Land mat der zweethéchster Zuel vu registréierte Coronavirus-Infektiounen (4,2 Milliounen)
A Belarus goufen op d'mannst 100 Leit bei neie Protester verhaft
D'Affär Alexei Nawalny belaascht déi diplomatesch Relatiounen tëschent Russland an Däitschland. Déi geplangte Gas-Leitung Nordstream 2 gëtt elo als Drockmëttel gebraucht
De brittesche Premier Boris Johnson stellt en Ultimatum: Bis de 15. Oktober misst en Handelsaccord tëschent Groussbritannien an der EU um Dësch leien
Am Tennis gouf d'Nummer 1 Novak Djokovic bei de US Open disqualifizéiert