arrow_back_ios
CD-Klassik
Wien ëm 1900
Ëm d'Joer 1900 huet d'Musek zu Wien sech drastesch verännert. No Zemlinsky a Mahler sinn et den Alban Berg an den Arnold Schönberg, déi eng nei Richtung aschloen: déi zweet Wiener Schoul. Op engem duebelen Disk "Vienne 1900" beim Label Alpha hu fënnef Museker sech fonnt a Kammermusek opgeholl, déi als Transitioun vun der Romantik zur Spéitromantik gëllt. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.