Klassik aktuell
E Pionéier vun der aler Musek
Et gëtt eng Rëtsch Ensembelen, déi sinn emblematesch fir de Boom vun der aler Musek an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert: de Claudio Scimone an I Musici, d'Bridder Kuijken an hir Petite Bande, den Ton Koopman mam Amsterdam Baroque Orchestra an och d'Academy of Ancient Music mam Christopher Hogwood.
Iwwer 30 Joer stoung den Cembalist an Händel-Biograph, deen den 10. September 1941 gebuer gouf, un der Spëtzt vum Ensembel, mat deem hien Discographie-Geschicht geschriwwen huet.