CD-Klassik
Mat Saxofon a Bandoneon duerch d'Museksgeschicht
13 min
Zwee Museker vu Basel hu sech zesummegedoen, fir ronn 500 Joer Museksgeschicht mat Saxofon a Bandoneon Revue passéieren ze loossen. D'Maya Lisac Barroso huet slowenesch-Schwäizer Originnen a spillt Saxofon, de Marcelo Nisinman ass een argentinesche Bandoneonist an huet och en etlech Arrangementer an eege Kompositioune fir deen neien Disk geliwwert. De Programm geet vum fréie Barock bis bei Musek vum Astor Piazzolla.