Klassik aktuell
E Requiem fir Kroatien
Aus enger Zesummenaarbecht vu verschiddenen Institutiounen aus Kroatien an dem Bayresche Rundfunk koum beim Label BR Klassik en Disk eraus mat enger vun deene emouvantste Kompositiounen vum Enn vum 20. Joerhonnert. De "Glagolitisches Requiem" vum Igor Kuljeric ass dem Komponist säin Undenken un d'Affer vum Onofhängegkeetskrich a Kroatien an den 90er Joren awer och seng positiv Visioun fir d'Weiderliewe vu senger Heemecht. De Manuel Ribeiro huet an dëse Requiem eragelauschtert.