Panorama
Panorama
De Félix Eischen leet bis op Weideres säi Mandat als Buergermeeschter vu Kielen nidder aus gesondheetleche Grënn. Wéinst Stress an Zesummenhang mat der aktueller Kris wär bei him e Burn-Out diagnostizéiert ginn, esou den CSV-Deputéierten engem Communiqué
De PIB ass zu Lëtzebuerg wéinst der Corona-Kris am zweeten Trimester ëm bal aacht Prozent agebrach, esou de STATEC
Et kéint een nach net vun enger drëtte Corona-Well zu Lëtzebuerg schwätzen, seet de LIST. Wéinst der héijer Zuel vun neien Infektiounen muss fir den Tracing awer ënner anerem d'Militärmusek aushëllefen
D'Familljeministerin reagéiert op de Konflikt tëschent Personaldelegatioun an Direktioun bei der Fondatioun Kräizbierg. Dat géif si traureg maachen, an de Verwaltungsrot misst de Problem adresséieren, esou d'Corinne Cahen
D'Vitess op Deeler vun der A6 an A1 gëtt vun e Méindeg un nees op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert
An Israel trëtt de Mëtteg en neie Lockdown a Kraaft. Et ass dat éischt Land op der Welt, dat wéinst der Corona-Pandemie eng zweete Kéier eng landeswäit Ausgangsspär decidéiert huet