CD-Klassik
Wonnerbar Stëmmungen
Den Herbert Howells gehéiert zu där Generatioun vun englesche Komponisten, déi Joerhonnerten nom Henry Purcell nees eng nei, eegen Traditioun begrënnt hunn. Mat Léiermeeschter wéi dem Charles Villiers Stanford an dem Hubert Parry gräift den Howells dësen neie Fuedem vun der englescher Musek ganz selbstverständlech op a gëtt en als Professer um Royal College of Music nees weider. Den Herbert Howells huet an alle Genrë komponéiert. De Matthew Schellhorn huet elo de Fokus op d'Pianosmusek vum Howells geriicht.