CD-Klassik
Klassik stéisst op Zäitgnëssesches
Déi franséisch Geiistin Fanny Clamagirand huet beim Label Mirare viru Kuerzem dem Beethoven säi Geieconcerto agespillt. An hirer Interpretatioun ass et éischter ee méi duusse Charakter, deen hei erauskënnt. Wäit méi interessant ass allerdéngs d'Interpretatioun vum Peteris Vasks sengem Geieconcerto "Fernes Licht". Mat derbäi bei dëser Produktioun ass dee ganz opgeschlossenen English Chamber Orchestra ënner der Direktioun vum Ken-David Masur. De Manuel Ribeiro huet sech den Disk ugelauschtert.