CD-Klassik
Verspillt an authentesch
De preussesche Kinnek Friedrich II., de selwer een avertéierte Meloman war, hat am Mee 1747 den Thomaskantor vu Leipzig, de J.S. Bach, an Audienz zu Potsdam. Fir de Komponist ze testen an ze kucken, ob en zu Recht säi gudde Ruff hätt, huet de Friedrich him eng komplizéiert, sechsstëmmeg Fugue um Piano virgespillt, iwwert déi de Bach sollt an alle méigleche Formen improviséieren. D'Resultat war um Enn eent vun deene bedeitendste Wierker an der Museksgeschicht: Das Musikalische Opfer BWV 1079. Den Ensemble Barockin' huet d'Sammlung vu Fugen a Kanonen nei opgeholl.