Klassik aktuell
Erfanner vun der englescher Oper ?
Wien huet di éischt Oper geschriwwen? D'Musikologen streiden haut nach driwwer. Wat di englesch Oper betrëfft, schéngen d'Spezialisten sech zimmlech eens. Net den Henry Purcell, mee deem säi Léiermeeschter John Blow soll mat senge Bünewierker d'Weichen vun der englescher Oper gestallt hunn. Den John Blow ass den 1. Oktober 1708 gestuerwen. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vun dësem Pionéier vun der englescher Musek.