CD-Klassik
Betulia Liberata
Am Jugendalter huet de W.A. Mozart sech vill mat Singspielen an Oratorien opgehalen. Dat waren Formen, déi mat der Oper scho Villes gemeinsam hunn. Den Oratorium Betulia Liberata huet d'Wonnerkand mat 15 Joer komponéiert a gouf elo nees op Disk verëffentlecht. De Christophe Rousset mat sengem "Les Talens Lyriques" proposéieren eng immens dynamesch Interpretatioun, e Live-Matschnëtt ,de beim Label Aparté erauskoum. De Manuel Ribeiro huet an den Disk eragelauschtert.