Panorama
Panorama
Den 13. Dezember soll déi nei Tramsstreck Richtung Gare operationell sinn.
Enn Oktober wëllt de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, dem Regierungsrot den Avant-Projet de Loi zu de Police-Datebanken ënnerbreeden.
Dat neit Denkmalschutzgesetz léisst wuel nach bis Ufank d'nächst Joer op sech waarden, präziséiert d'Presidentin vun der Chamber-Kulturkommissioun, Djuna Bernard.
Den Emploi ass duerch d'Coronakris am 2. Trimester em 0,7 Prozent agebrach.
Rheinland-Pfalz plangt fir den Ament nach keng Ausnamereegelung fir Lëtzebuerger déi kuerz Zäit wëllen an d'Regioun reesen, sou wéi d'Saarland se decidéiert huet. Dat sot déi rheinland-pfälzesch Gesondheetsministesch de Mueren hei op der Antenne.
Am Brexit-Sträit wëllt d'EU-Kommissioun elo rechtlech géint Groussbritannien virgoen.
Den Alternativen Nobelpräis geet eng éischte Kéier u Mënscherechtler aus dem Iran a Belarus.