Klassik aktuell
E Singspiel vum 12jäerege Mozart
De Leopold Mozart huet sengem Fils Wolfgang Amadé säi Singspiel" Bastien et Bastienne" als eng "Operetta" bezeechent. De Wolfgang Amadeus Mozart huet d'Singspiel, an deem geschwaten Text a Gesangspartien alternéieren, mat 12 Joer komponéiert als Optrag fir e privaten Theater.Déi éischt ëffentlech Uropféierung sollt de Mozart guer net erliewen. Sie war den 2.Oktober 1890 zu Berlin. De Manuel Ribeiro kuckt op déi posthum Première zeréck.