CD-Klassik
Brasilianesch Symphonik
Nom Heitor Villa Lobos war de José Antônio de Almeida Prado de bedeitendste brasilianesche Komponist. Grad ewéi de Villa Lobos ver¨knëppt och den Almeida Prado d'Musek aus senger brasilianescher Heemecht mat den europäesche Kläng, déi e während sengem Studium zu Paräis kennen a schätze geléiert hat. Elo gëtt et eng Opnam vun dräi wichtege konzertante Wierker vum José Antônio de Almeida Prado - eng discographesch Première.