Panorama
Panorama
Gëschter goufen nees 140 Persounen hei am Land positiv op Covid-19 getest, dat bei 6.601 Tester, deelt d'Santé den Owend mat.
600 Mataarbechter vum Luxair-Grupp wäerte vu Restrukturatioune betraff sinn. Entloossunge wieren awer keng geplangt, war et d'Annonce haut, no der 3. Ronn vun der Aviatiounstripartite
Den OGBL fuerdert d'Demissioun vun der Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg wéinst schwéiere Mëssstänn bannent der Struktur. De Verwaltungsrot appelléiert an enger éischter Reaktioun un d'présomption d'innoncence.
De Code civil soll reforméiert ginn, d'Aarbechten dofir wäerten am November ufänken, huet d'Justizministesch annoncéiert.
Wéinst der staarker Hausse vu Corona-Neiinfektioune goufen haut an Italien, Schottland an an der Belsch nei Schutz-Mesuren annoncéiert.
An den USA ass dës Nuecht den eenzegen Debat tëscht de Kandidate fir d'Vize-Presidentschaft. No de rezenten Entwécklungen am Land huet den Duell u Wichtegkeet gewonnen.