arrow_back_ios
CD-Klassik
La Francesina
Zu London huet de G.F. Händel am Ufank vum 18. Joerhonnert mat senger Musek an och deene beschten Sänger, déi et deemools gouf, richteg triumphéiert. Besonnesch um Enn vu sengem Liewen huet de Komponist vill Rollen an Operen an Oratorien extra fir eng grouss Cantatrice geschriwwen: d'Elisabeth Duparc, genannt La Francesina. Dëst ass och den Titel vun engem Disk, deen d'Sophie Junker mat "Le Concert de l'Hostel Dieu" opgeholl huet. De Manuel Ribeiro huet sech den Disk unhéieren.