Panorama
Panorama
De Bilan vun den Doudesaffer duerch Covid-19 hei am Land klëmmt op 130. 141 Persoune goufe gëschter nees positiv op den neie Coronavirus getest.
De Regierungsrot huet haut gréng Luucht ginn fir d'Schafung vun enger Maison du Grand-Duc. D'CSV kritiséiert, datt déi nei Verwaltung iwwert en Arrêté grand-ducal an d'Liewe geruff gëtt an net iwwert e Gesetz.
Déi Lénk fuerderen d'Aféierung vun enger Verméigenssteier an eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz, nieft Mesure fir de Chômage ze bekämpfen.
Den neien europäesche Parquet riskéiert net wéi geplangt am November prett ze sinn, fir mat senger Aarbecht unzefänken.
Wéinst där rezent staarker Hausse bei de Corona-Nei-Infektioune gëllt zu Madrid nees den Noutstand.
Och an Däitschland goufen nees méi streng Moossnamen decidéiert, fir d'Verbreedung vum Virus ze bremsen.